NEXUS CITIZEN SCIENCE – 01.07.2019: Syr-Workshop

Den NEXUS CITIZEN SCIENCE Projet vun der Universitéit Lëtzebuerg bitt Dir d’Méiglechkeet d’Zukunft vum Waasserschutz, vum Ëmwelt-Monitoring a vun der Wëssenschaft, um Wee fir ee méi nohaltegen Ëmgang mat Waasser a Lëtzebuerg, aktiv matzegestalten. Zil vum Projet ass et, zesummen e Citizen-Science-Projet ze entwéckelen, dat et Dir erméiglecht, zesummen auserwielt Aspekter an an em Gewässer ze beobachten an ze dokumentéieren. De Projet soll fir Dech relevant sinn. E soll op Dengen Erfarungen a Perspektiven opbauen, fir Wëssen iwwert den Zoustand vun eise Gewässer ze generéieren, dat an Dengem Ëmfeld relevant ass an zu engem méi nohaltegen Ëmgang mat Waasser bäidroe kann.

Ee vun den éischte Volete vum Projet ass eis Aarbecht ëm d’Syr. Hei versiche mir méi iwwert den Zoustand vun der Syr a sengen Zouliwwerer erauszefannen, mat speziellem Fokus op klenge Baachen. Obwuel kleng Baache wäertvoll fir d’Séisswaasserökologie an d’Biodiversitéit sinn, wësse mir nëmme wéineg iwwert den Zoustand vun eise Baachen zu Lëtzebuerg.

An dësem Kader géinge mir Dech gären zu eisem Workshop alueden, dee mir Méindeg, den 1. Juli vun 17:30 bis 19:30 an der Gemeng Nidderaanwen: 18, rue d’Ernster, Oberanven (Kommissiounssall bei der Entrée vum Service Technique) organiséieren. Do kanns Du Dech mat Dengen Erfarungen a Perspektiven abréngen an hëllefen de Syr-Volet sou ze gestalten, dat e relevant fir d’Bierger an d’Regioun ass.

Am Workshop stelle mir och ee Citizen-Science-Tool fir, dat international genotzt gëtt. Heimat ka jiddereen einfach Daten zur Waasserqualitéit erhiewen. Dësen Tool gëtt och scho vun engem Grupp am NEXUS CITIZEN SCIENCE Projet ugewannt fir méi iwwert den Zoustand vun der Aalbaach a Bouneschbaach an Nidderaanwen erauszefannen a wat fir eng Roll Ëmweltkonditioune spillen. D’ Date komplementéiere scho bestoend Datesets (z.B. national) iwwer gréisser Waasserkierper a Lëtzebuerg an droen zu enger internationaler Datebank bäi. Dës hëlleft dobäi, den Zoustand vu Séisswaasserkierper an engem eenzegaartegen Ausmooss, an zwar weltwäit, ze ënnersichen. Wéi s Du Dech an dës Efforten abrénge kanns, erkläre mir och am Workshop.

Wann s Du zu méi nohaltegem Ëmgang mat Waasser bäidroe wëlls a vir hues, um Workshop deelzehuelen, da mell Dech un ënnert christiane.bour@niederanven.lu.

Wann s Du Froen oder Kommentarer hues, kanns Du Dech gäre bei eis mellen, ënnert karl.pickar@uni.lu.

An dësem Volet schaffe mir mat der Gemeng Nidderaanwen an der Flosspartnerschaft Syr zesummen.

Méi Informatiounen zum NEXUS CITIZEN SCIENCE Projet fënns Du op eiser Online-Plattform an Websäit.

Karl Pickar

Doktorand

Universitéit Lëtzebuerg

 

 

 

 

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert