NEXUS CITIZEN SCIENCE – WaterBlitz 19 Luxembourg

Sidd Dir dorun interesséiert, méi iwwert den Zoustand vun de Baachen, Flëss, Weieren a Séien an Ärer Géigend erauszefannen? Wëllt Dir wëssen, wéi mir am internationale Vergläich stinn?


Dann maacht mat an huelt um WaterBlitz Lëtzebuerg deel, dee vum 20. bis den 23. September stattfënnt. Dir kritt ee gratis Waassertestkit zougeschéckt, deen einfach ze benotzen ass, an Dir kënnt Är Resultater direkt iwwert d’Freshwater Watch App deelen. Alleguerten d’Daten wäerten oppen zougänglech sinn op der Freshwater Watch Websäit. Fir Iech unzemellen, klickt op dëse Link: https://earthwatch.org.uk/get-involved/waterblitz.


Wat méi Leit matmaachen, wat mir e bessert Verständnis vum Zoustand vun eisen Uewerflächegewässer a Lëtzebuerg kréien. Sot dowéinst Ärer Famill, Äre Frënn an Ären Aarbechtskollege Bescheed, an deelt d’Event iwwert Facebook, Instagram an Twitter, andeem Dir den #WaterBlitz notzt.


De WaterBlitz Lëtzebuerg gëtt vun der Universitéit Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat Earthwatch organiséiert a leeft gläichzäiteg mat dräi weideren Eventer a London, Dublin a Paräis. D’WaterBlitzer gi gesponsert vun der Royal Bank of Canada als Deel vun hiren Efforten ëm Waasserqualitéit an Europa.


De WaterBlitz ass Deel vum NEXUS CITIZEN SCIENCE Projet vun der Universitéit Lëtzebuerg. D’Zil vum Projet ass et, mat interesséierte Gruppen a Lëtzebuerg zesummenzeschaffen a gemeinsam Citizen-Science-Projeten unzestoussen. Participatiivt Waassermonitoring soll neit Wësse fir Bierger, Wëssenschaft a Politik generéieren a Léieren duerch Erfarungen am Ëmgang mat Waasser an Ëmwelt ureege fir méi Nohaltegkeet zu Lëtzebuerg.


Bei Froen, kënnt Dir eis gäre schreiwen (karl.pickar@uni.lu).


Mat frëndleche Gréiss
D’WaterBlitz Team

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert