Maach Mat – WaterBlitz’21

Léif Lieserinnen a Lieser,

Sidd Dir dorun interesséiert, méi iwwert den Zoustand vun de Quellen, Baachen, Flëss, Weieren a Séien an Ärer Géigend erauszefannen? Wëllt Dir wëssen, wéi mir am internationale Vergläich stinn?

Dann maacht mat an huelt um WaterBlitz Lëtzebuerg deel, dee vum 7. bis den 10. Mee stattfënnt. Dir kritt ee gratis Waassertestkit zougeschéckt, deen einfach ze benotzen ass, an Dir kënnt Är Resultater direkt iwwert d’FreshWater Watch App deelen. Alleguerten d’Daten wäerten oppen zougänglech sinn op der FreshWater Watch Websäit. Fir Iech unzemellen, klickt op dësen Link. 

Wat méi Leit matmaachen, wat mir e bessert Verständnis vum Zoustand vun eisen Uewerflächegewässer a Lëtzebuerg kréien. Sot dowéinst verwannten, befrënten a bekannte Persounen Bescheed, an deelt d’Event iwwert Facebook, Instagram an Twitter, andeem Dir den #WaterBlitz notzt.

De WaterBlitz Lëtzebuerg gëtt scho fir d’zweete Kéier vun der Universitéit Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat Earthwatch organiséiert a leeft gläichzäiteg mat dräi weideren Eventer a London, Dublin a Paräis. D’lescht Event am September 2019 war ewell e groussen Erfolleg. Méi wéi 80 motivéiert Persounen hunn an zirka 50 Uewerflächewaasserkierper iwwert 100 Datepunkte gesammelt! Aus dësen Date konnte scho wäertvoll Informatiounen iwwert den Zoustand vun de lëtzebuergesche Gewässer gewonne ginn. D’WaterBlitzer gi gesponsert vun der Royal Bank of Canada als Deel vun hiren Efforten ëm Waasserqualitéit an Europa.

De WaterBlitz ass Deel vum NEXUS CITIZEN SCIENCE Projet vun der Universitéit Lëtzebuerg. D’Zil vum Projet ass et, mat interesséierte Gruppen a Lëtzebuerg zesummenzeschaffen a gemeinsam Citizen Science Projeten unzestoussen. Participatiivt Waassermonitoring zielt dorop of, neit Wësse fir Biergera Wëssenschaft souwéi Politik ze generéieren a Léieren duerch Erfarungen am Ëmgang mat Waasser an Ëmwelt unzereege fir méi Nohaltegkeet zu Lëtzebuerg.

Bei Froen, kënnt Dir eis gäre schreiwen (karl.pickar@uni.lu).

Mat frëndleche Gréiss
D’WaterBlitz Team

For the English, German, and French version klick here or here:

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert